Froen an Äntwerten

Wéini sinn déi nächst Gemengewahlen?

Gemengewahle sinn all 6 Joer. Déi nächst Gemengewahle sinn den 8. Oktober 2017 .

Wéi schreiwen ech mech an?

Fir Iech an d'Wielerlëschten anzedroen, musst Dir bis den 13. Juli 2017 inclus bei d'Biergeramt (Administration communale) vun der Gemeng goen, wou Dir Äre Wunnsëtz hutt, an eng valabel Pièce d'identité (Carte d’identité, Pass) mathuelen.

Den Dag vun de Gemengewahle sinn ech net zu Lëtzebuerg. Wat soll ech maachen?

Folgend Persoune sinn eligibel fir d'Bréifwahl:

  • Wieler, déi aus berufflechen oder perséinleche Grënn, déi uerdnungsgemäss begrënnt musse ginn, net perséinlech an hiren zoustännege Wahlbüro kënne goen
  • Wieler, déi 75 Joer oder méi hunn.

Modell fir d'Bréifwahl bei de Gemengewahlen unzefroen (op Franséisch)

Weider Informatioune fannt Dir hei:

http://www.guichet.public.lu/citoyens/fr/citoyennete/elections/elections-communales/vote-correspondance-elections-communales/index.html

 

Ass de Vote obligatoresch?

Jiddereen, deen an de Wielerlëschten agedroen ass, muss wiele goen. Et kann ee sech net remplacéiere loossen. Wieler, deenen et aus berufflechen oder perséinleche Grënn, déi uerdnungsgemäss begrënnt musse ginn, net méiglech ass, den Dag vun de Wahle wielen ze goen, kënnen d'Bréifwahl ufroen. Modell fir d'Bréifwahl bei de Gemengewahlen unzefroen (op Franséisch).

Wieler, deenen et onméiglech ass un de Wahlen deelzehuelen, mussen d'Motiver vun hirer Abstentioun schrëftlech dem zoustännige Staatsaffekot (procureur d'Etat) am Bezierksgeriicht justifizéieren. Modellbréif op Franséisch.  

Ech si viru kuerzem an eng aner Gemeng geplënnert. Sinn ech nach ëmmer ageschriwwen?

Jo, de Buergermeeschter vun der aler Gemeng informéiert déi nei Gemeng iwwert de Changement de domicile, wat Iech eng zweet Aschreiwung erspuert.

Wéi eng Dokumenter muss ech den Dag vun de Gemengewahle matbréngen?

Wieler mussen hir Carte d’identité oder hire Pass matbréngen.

Wéi laang hunn d'Wahlbüroen op?

Wieler kënne vun 8 Auer moies bis 14 Auer am Nomëtteg wiele goen.

Wien ass vum Vote ausgeschloss?
  • Persounen, déi fir eng Strofdot condamnéiert goufen
  • Persounen, déi wéinst enger Fräiheetsstrof hiert Wahlrecht per Uerteel ofgeholl kruten
  • Erwuessener, déi ënner Tutelle stinn.
Wie ka sech opsetzen?

Fir Kandidat bei de Gemengewahlen ze sinn, muss een:

  • den Dag vun de Walen 18 Joer hunn.
  • dee Moment, wou ee seng Kandidatur deposéiert, säi Wunnsëtz mindestens 6 Méint an där Gemeng gehat hunn.
  • a sengem Openthalts- oder Heemechtsland all d'Biergerrechter hunn an net vum Walrecht ausgeschloss sinn. Déi lescht Konditioun kann allerdéngs net zum Nodeel vun net lëtzebuergesche Bierger ausgeluecht ginn, déi d'Walrecht an hirem Heemechtsland verluer hunn, well si hire Wunnsëtz ausserhalb vun hirem Heemechtsland hunn.
  • Auslännesch Bierger mussen en plus dee Moment, wou si hir Kandidatur stellen, mindestens 5 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt wunn.

Weider Informatioune fannt Dir hei:

http://www.guichet.public.lu/citoyens/fr/citoyennete/elections/elections-communales/candidat-elections-communales/index.html

http://votezegalite.lu/etre-candidat/

Fir wéi eng Dauer ginn d'Gemengeconseillere gewielt?

D'Gemengeconseillere gi fir 6 Joer gewielt. Si kënnen zréckgewielt ginn.

Wéini ass e Wahlziedel ongülteg?

E Wahlziedel ass ongülteg, wa méi Stëmmen drop sinn, wéi Conseillere gewielt musse ginn; wa keng eenzeg Stëmm drop ass; wann d'Form oder d'Gréisst geännert gouf; wann en Ziedel oder soss en Objet draläit; oder wann den Auteur duerch en Zeechen, e Stréch oder eng vum Gesetz verbuede Mark kéint identifizéiert ginn. Ongülteg Wahlziedele gi beim Ausziele vun de Stëmmen net berécksiichtegt.

Kann ech mech als Net-Lëtzebuerger, deen am Grand-Duché wunnt, vun de Wielerlëschte sträiche loossen?

All auslännesche Wieler kann ufroen, sech vun de Wielerlëschte sträichen ze loossen. Heifir musse si sech un d'Gemeng, wou si hire Wunnsëtz hunn, wenden. Hiren Numm gëtt d'office gestrach, wa si net méi d'Konditiounen erfëllen, fir d'Wahlrecht auszeüben (Plënneren).

Wou fannen ech d'Resultater vun de leschte Wahlen?

Klickt op dëse Link, fir Iech d'Resultater vun de Gemengewahlen 2011 unzekucken:

http://www.elections.public.lu/fr/elections-communales/2011/index.html

Aktualiséiert