Sech aschreiwen

Sech an d'Wielerlëschten anzedroen ass ganz einfach. Dir musst just bis den 13. Juli 2017 an d'Biergeramt (Administration communale) vun der Gemeng goen, wou Dir Äre Wunnsëtz hutt, an eng valabel Pièce d'identité (Carte d’identité, Pass) mathuelen.

Verschidde Gemenge maachen hier Büroen ausserhalb vun den normale Schaffdeeg op fir datt auslännesch Matbierger sech op d’Wielerlëschten aschreiwe kënnen. Hei eng Lëscht vun de Gemengen déi matmaachen.

De Fait, op de Wielerlëschte fir d'Gemengewahlen ze stoen, heescht net, dass een och automatesch kann un den Europawahlen deelhuelen, well et handelt sech ëm zwou verschidde Lëschten an et muss ee sech fir all Lëscht eenzel aschreiwen.

Weider Informatioune fannt Dir hei: Sech an d'Wielerlëschte fir d'Gemengewahlen androen

Gutt ze wëssen

  • All auslännesche Wieler ka sech vun de Wielerlëschte sträiche loossen.
  • All ageschriwwene Wieler kritt e Bréif vu sengem Biergeramt (Administration communale) mam Datum vun de Wahlen an den Auerzäite vum Wahlbüro. D'Convocatioun enthält och Instruktioune fir de Wieler an d'Lëscht mat de Kandidaten.
  • All Wieler ass automatesch fir déi nächst Gemengewahlen ageschriwwen a muss dann och wiele goen. Wann ee plënnert, geschitt den Transfert op d'Wielerlëschte vun der neier Gemeng automatesch.
Aktualiséiert