Kontakt

* Mandatory field

Schutz vun de perséinlechen Donnéeën

Déi op dësem Formulaire gesammelt Informatiounen, déi sech op Iech perséinlech bezéien, gi vun där betreffender Administratioun benotzt, fir Är Demande kënnen ze traitéieren.

Dës Informatioune ginn esou laang vun der Administratioun gespäichert, bis d'Demarchë ronderëm Är Demande ofgeschloss sinn.

Zougrëff op Är Donnéeën hu just déi Administratiounen, déi fir Är Demande zoustänneg sinn. Wann Dir wëllt wëssen, u wien d'Donnéeë vun dësem Formulaire weidergeleet ginn, da went Iech w.e.g. un d'Administratioun, déi sech mat Ärer Demande befaasst.

Esou wéi et am Reglement (EU) 2016/679 iwwer d'"protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données" steet, hutt Dir d'Recht, Är gespäichert Donnéeë kucken ze goen, se ze verbesseren oder a bestëmmte Fäll och läschen ze loossen. Ausserdeem hutt Dir d'Recht, Är Awëllegung zu all Moment ze widderruffen.

Mat engem begrënnte Motiv a virausgesat, datt d'Verschaffe vun Ären Donnéeë keen obligatoresche Charakter huet, kënnt Dir donieft och Widdersproch aleeën.

Wann Dir vun dëse Rechter wëllt Gebrauch maachen an/oder méi wëllt iwwer d'Verschaffe vun Ären Donnéeë gewuer ginn, dann adresséiert Iech w.e.g. un déi betreffend Administratioun, där hir Kontaktdaten Dir um Formulaire fannt. Doriwwer eraus kënnt Dir och eng Reklamatioun bei der nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 1, Avenue du Rock'n'Roll, L-4361 Esch-sur-Alzette).

Wann Dir weiderfuert mat Ärer Demarche, akzeptéiert Der, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande verschafft ginn.

Aktualiséiert