Wéi wielen

Den Dag vun de Wahlen

Den 8. Oktober 2017 mussen all d'Lëtzebuerger an d'auslännesch Residenten, déi sech an d'Wielerlëschten agedroen hunn, wiele goen, fir d'Membere vum Gemengerot an hirer Gemeng ze wielen.

D'Biergeramt (Administration communale) schéckt all de Wieler spéitstens 5 Deeg virun de Wahlen eng Lettre de convocation mat all den néidegen Instruktiounen.

Den Dag vun de Wahle musst Dir:

  • tëschent 8 a 14 Auer an de Wahlbüro vun der Gemeng, an där Dir wunnt, goen.
  • Eng valabel Pièce d'identité (Carte d’identité, Pass) mathuelen.

Duerno gitt Dir just nach an d'Wahlkabinn a gitt Är Stëmm of.

Bréifwal

D'Méiglechkeet, per Bréifwal ze wielen, gëllt just fir folgend Persounen:

  • Wieler, déi aus berufflechen oder perséinleche Grënn, déi uerdnungsgemäss begrënnt musse ginn, net perséinlech an hiren zoustännege Wahlbüro kënne goen
  • Wieler, déi 75 Joer oder méi hunn.

Weider Informatioune fannt Dir hei: Mellt Iech fir d'Bréifwahl bei de Gemengewalen un

 

Walsystemer

Et ginn zwee verschidde Walsystemer:

  • A Gemenge mat manner wéi 3.000 Awunner sinn d'Walen nom Prinzip vun der relativer Majoritéit (Majorzsystem). All Wieler huet genee esou vill Stëmmen, wéi Persoune fir de Gemengerot musse gewielt ginn. De Wieler stëmmt, andeems hien e Kräiz (+ oder x) an d'Case hannert dem Numm vun engem oder méi Kandidate mécht an zwar bis all d'Stëmmen, déi hien zur Verfügung huet, opgebraucht sinn.

Weider Informatiounen

  • A Gemenge mat 3.000 Awunner oder méi sinn d'Walen nom proportionale Prinzip (Proporzsystem). Dat heescht, all Wieler huet genee esou vill Stëmmen, wéi Persoune fir de Gemengerot musse gewielt ginn. De Wieler kann eng oder méi Stëmme pro Kandidat ofginn an zwar bis all d'Stëmmen, déi hien zur Verfügung huet, opgebraucht sinn. All Kräiz (+ oder x) an enger vun den zwou Casen hannert dem Numm vun de Kandidaten zielt als Stëmm fir dëse Kandidat.

Wann zum Beispill 17 Conseilleren an Ärer Gemeng gewielt musse ginn, dann hutt Dir maximal 17 Stëmmen ze verginn, déi Dir folgendermoosse verdeele kënnt:

Eng aner Méiglechkeet ass, e Kräiz an d'Case uewen iwwert enger Lëscht ze maachen an esou all Kandidat vun dëser Lëscht eng Stëmm ze ginn:

Wann op der Lëscht, wou Dir e Kräiz (+ oder x) gemaach hutt, manner Kandidate stinn, wéi Conseillere gewielt musse ginn, kënnt Dir déi reschtlech Stëmmen esou verdeelen, wéi Dir et fir richteg fannt. Am Beispill hei ënnendrënner gouf e Kräiz iwwert eng Lëscht mat 12 Kandidate gemaach, wat 1 Stëmm pro Kandidat entsprécht. Wann am Ganze 17 Conseilleren an Ärer Gemeng gewielt musse ginn, dann hutt Dir nach 5 Stëmmen, déi Dir anere Kandidate kënnt ginn.

Opgepasst: Wann Dir e Kräiz (+ oder x) an d'Case uewen iwwert enger Lëscht gemaach hutt, dann hutt Dir schonns all Kandidat op där Lëscht eng Stëmm ginn a kënnt deemno just nach ee weidert Kräiz hannert d'Kandidaten, déi op dëser Lëscht stinn, maachen.

Äre Stëmmziedel ass ongülteg, wann Dir méi Kräizer maacht, wéi Kandidate gewielt musse ginn.

Weider Informatiounen

Aktualiséiert