Firwat wielen

Lëtzebuerg huet 590.667 Awunner, dovu si 48 % Auslänner. Den 8. Oktober 2017 si Gemengewahlen. Gitt wielen! Andeems Dir un de Gemengewahlen deelhuelt, wielt Dir direkt d’Persounen (Gemengeconseilleren), déi Är Interessen déi nächst 6 Joer vertrieden.

Schreift Iech op d'Wielerlëschten an, wann:

  • Iech d'Liewen an Ärer Gemeng um Häerz läit.
  • de sozialen Zesummenhalt Ärer Meenung no wichteg ass.
  • Dir fannt, dass den Auslänner verstäerkt muss nogelauschtert a si am politeschen Debat méi berécksiichtegt musse ginn.

E Choix treffen heescht seng Stëmm ofginn:

  • DIR kënnt eng aktiv Roll an Ärer Gemeng spillen, andeems Dir entscheet, wien Är Interesse vertriede soll.
  • E läit un IECH: Mat Ärer Hëllef kann de Gemengerot d'Gestioun vun Ärer Gemeng besser mat Ären Interessen an Aklang bréngen.
  • D'Wahlrecht steet an der Constitutioun. Et ass e fundamentaalt Mëttel, fir um sozialen, wirtschaftlechen, politeschen a kulturelle Liewe vun Ärer Gemeng deelzehuelen.

Drot Iech elo an Ärer Gemeng an, well net deelhuelen heescht déi aner entscheede loossen.

Aktualiséiert