Wie ka wielen

Als net lëtzebuergesche Resident kënnt Dir un de Gemengewahlen deelhuelen, wann Dir folgend Konditiounen erfëllt:

  • den Dag vun de Wahlen 18 Joer hunn (den 8. Oktober 2017)
  • de Moment vun der Inscriptioun mindestens 5 Joer zu Lëtzebuerg gelieft hunn
  • sech bis den 13. Juli 2017 inclus an d'Wielerlëschten androen
  • an Ärem Openthalts- oder Heemechtsland all d'Biergerrechter hunn an net vum Wahlrecht ausgeschloss sinn. Déi lescht Konditioun kann allerdéngs net zum Nodeel vun net lëtzebuergesche Bierger ausgeluecht ginn, déi d'Wahlrecht an hirem Heemechtsland verluer hunn, well si hire Wunnsëtz ausserhalb vun hirem Heemechtsland hunn.

Normalerweis verléiert Dir net d'Wahlrecht an Ärem Heemechtsland. Denkt drun, Iech bei der Ambassade oder dem Konsulat vun Ärem Heemechtsland ze informéieren.

All d'Lëtzebuerger musse wiele goen. Si musse sech deemno net an d'Wielerlëschten androen.

Aktualiséiert